close
Op den Inhalt sprangen

Anthony McAuliffe

Vu Wikipedia
Anthony McAuliffe
Image
Gebuer 2. Juli 1898
Washington
Gestuerwen 11. August 1975
Washington
Alter 77 Joer
Nationalitéit USA
Educatioun United States Military Academy,
United States Army War College
Aktivitéit Zaldot
Auszeechnungen Legionnaire vun der Legion of Merit, Silver Star, Distinguished Service Medal
Image

Den Anthony Clement McAuliffe, gebuer den 2. Juli 1898 zu Washington D.C., a gestuerwen den 11. August 1975 zu Chevy Chase, Maryland, war en US-amerikanesche Generol.

Am Zweete Weltkrich, an der Schluecht ëm Baaschtnech, an der Ardennenoffensiv, huet de McAuliffe déi 101. US-Loftlandedivisioun, 101st Airborne Division, misse kommandéieren, well de Generol Maxwell D. Taylor op enger Konferenz an den USA war.

Am beschte bekannt ass dem McAuliffe seng Äntwert "nuts" un den däitsche Generol Heinrich von Lüttwitz, deen d'amerikanesch Truppen opgefuerdert hat, sech z'erginn.

Als Erënnerung un de McAuliffe gouf zu Baaschtnech d'Haaptplaz ëmgedeeft, e Memorial mat enger Büst opgeriicht an e Sherman-Tanks niewendru gestallt.

Image  Commons: Anthony McAuliffe – Biller, Videoen oder Audiodateien