Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.485 Artikelen an 101 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…
- … d'Brubbel zu Wallenborn deen eenzege Kalwaassergeysir an Däitschland ass, an all déck hallef Stonn Schwiefelgaser ausstéisst?
- … nom Groussherzog Guillaume senger Groussmamm schonns zu Liefzäiten eng Bréisseler Metrosstatioun genannt gouf?
- … de Codex Aureus Epternacensis, d'Gëllen Evangeliebuch vun Iechternach (entstanen 1030-1050), 1955 zu Verkaf stoung, mä de Lëtzebuerger Staat en deemools net kafe wollt oder konnt, an en sou an de Germanische Nationalmuseum zu Nürnberg koum, wou en haut nach ass?
- … et 1982 am Simbabwe e Gesetz gouf, dat et verbueden huet, de Geck mam President Canaan Banana sengem Familljennumm ze maachen?
- … dat eelst Dokument am Besëtz vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8 Joerhonnert ass, dat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut?
Artikel vun der Woch
D'Plëss d'Arem, dacks och nëmme Plëss genannt, offiziell Place d'Armes, ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. Si gouf, mat de Stroosse ronderëm, am 17. Joerhonnert ënnert dem Gouverneur de Monterey ugeluecht, nodeems de Militäringenieur Louvigny 95 Haiser an der Ënnerstad ofrappe gelooss hat, fir d'Festung ze verstäerken, an dofir hir Awunner an d'Uewerstad ëmquartéiert goufen. D'Plëss an déi néi Stroosse goufen den 10. August 1671 feierlech ageweit.
Se gouf vun Ufank u bis an d'19. Joerhonnert als Paradeplaz benotzt. Dono huet d'Bourgeoisie d’Plaz vun de Zaldoten ageholl, a just Concerte vun der Militärmusek hunn nach un déi militäresch Vergaangenheet erënnert. Den éischte Kiosk ass 1875 um ale Parvis vun der Haaptwuecht opgeriicht ginn, déi op der Ostsäit stoung. Dës gouf ofgerappt fir 1909/10 den Zerkel ze bauen. Op der Westsäit steet dee fréieren Hotel de Gerden aus der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert, an deem haut d'Cour des comptes ass. Am fréiere Gaart dovun ass 1903 d'Dicks-Lentz-Monument opgerlicht ginn zu Éiere vun de Lëtzebuerger "Nationaldichter" Dicks a Michel Lentz; d'Plaz gouf 1969 nom Jan Palach genannt... > méi

Op engem 22. Juli
- 1478: Gebuert vum Felipe I. vu Kastilien ("Philipp de Schéinen").
- 1634: Doud vum Johann Grof vun Aldringen, däitsche Feldhär am Drëssegjärege Krich.
Charles Bernhoeft - 1859: De lëtzebuergesche Fotograf Charles Bernhoeft kënnt op d'Welt.
- 1878 oder 1879: De polneschen Dokter, Pedagog a Kannerbuchauteur Janusz Korczak gëtt gebuer.
- 1882: Gebuert vum US-amerikanesche Moler Edward Hopper.
- 1946: Déi franséisch Sängerin Mireille Mathieu kënnt op d'Welt.
- 1954: Laos gëtt onofhängeg.
- 1974: Déi däitsch Schauspillerin Franka Potente gëtt gebuer.
Kierzlech Verstuerwen

- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 8. Juli: Bonnie Tyler, brittesch Sängerin.
- 7. Juli: Joanna Pettet, englesch Schauspillerin.
- 6. Juli: Henri Metz, lëtzebuergeschen Neurolog.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
